
Am Ganze wieren a ganz Südafrika an den éischte sechs Méint vum Joer 231 Nashörner doutgemaach ginn, sou den Ëmweltministère. Dat entsprécht engem Réckgang ëm 11% géintiwwer 2022.
Op d’Fro, ob de Réckgang am Nationalpark mat der Zuel un Déieren, déi amgaangen ass erofzegoen, zesummenhänkt, sot d’Ëmweltministerin Barbara Creecy, et wier “kee Geheimnis”, dass d’Nashorn-Populatioun am Krüger-Nationalaprk “duerch bal 20 Joer Braconnage schwéier beschiedegt gouf”. Si huet den allgemenge Réckgang vum Braconnage op déi “immens Aarbecht” vun de Ranger an der “Strofverfolgung duerch d’Autoritéiten” zeréckgeféiert.
Wéi vill Nashörner nach am Krüger-Nationalpark liewen, wollt d’Creecy awer net soen, dat aus deem Grond, dass Krimineller net mat Informatioune gefiddert ginn. Statistike vu SANParks no gouf et am Joer 2021 2.800 Nashörner am Nationalpark. 2008 waren et nach 10.000 Déieren - dat entsprécht engem Réckgang vu ronn 70%.
A Südafrika liewe ronn 80% vun allen Nashörner weltwäit. D’Land ass en Hotspot fir Braconnieren, déi ugedriwwe ginn duerch d’Nofro aus Asien no Nashorn-Haren. Dës bestinn wéi och mënschlech Fangerneel zwar just aus Keratin an awer gëlle si an der traditioneller asiatescher Medezin als Heelmëttel. Dat zu Polver verschafften Har gëtt um Schwaarzmaart héich bezuelt.
An de leschte Joren huet d’südafrikanesch Regierung d’Sécherheetsmesuren am Krüger-Nationalpark verschäerft. Och d’Beméiungen, den illegalen Handel vu wëllen Déieren ze bekämpfen, goufen eropgeschrauft. Vun 2023 musse sech donieft och nei SANPark-Mataarbechter eng Ligendetektertest ënnerzéien. Hannergrond ass, dass gefaart gëtt, dass e puer Mataarbechter mat Braconnieren zesummeschaffen.