
Dat ganzt Joer iwwer stellt de CGDIS sech an den Déngscht vu Mënsch an Déier. An do kommen och emol méi ongewéinlech Asätz op si duer, un déi ee villäicht net direkt denkt. Och 2023 goufen et der dovun nees sou munch.
“Op eng Katz muss vum Daach erofgeholl ginn, Jippelcher aus engem Gulli gerett ginn, oder e Päerd aus enger Remorque muss frei geschnidde ginn, sinn déi fräiwëlleg a berufflech Pompjeeë vum CGDIS all Dag 24/7 asazbereet fir ze hëllefen”, schreift de CGDIS um Donneschdeg op Facebook. “Nieft de Pompjeeën déi an hirer Ausbildung op Déiererettung virbereet ginn, huet de CGDIS eng Spezialunitéit, den Groupe de sauvetage animalier (GSAN), déi bei aussergewéinlechen Asätz alertéiert ginn.”