Ongewéinlech Policekontroll a Sachsen (D)Chauffer hat Känguruen, Lamaen an en Tukan a Camionnette gelueden

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg hunn d'Polizisten an der Gemeng Mücka net schlecht gestaunt, wéi se eng Camionnette kontrolléiert hunn.

Hei goufen nämlech net just zwou jonk Kéi transportéiert, ma och nach zwee Känguruen, zwee Lamaen an een Tukan, wéi d’Police vu Görlitz e Sonndeg matgedeelt huet.

De Mann aus Serbien huet uginn, dass en d’Déiere fir sech selwer a Serbien kaaft ze hunn, Autorisatiounen dofir konnt en awer net virleeën.

D’Camionnette war dann och net als Déierentransporter equipéiert. D’Déiere goufe vun der Veterinärsinspektioun matgeholl. Géint de Mann aus Serbien ermëttelt d’Police elo wéinst Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz.

Back to Top
CIM LOGO