Zanter 2009 keen NowuessChina wäert Australien nei Pandae schécken

RTL Lëtzebuerg
Bei der Visitt vum Premierminister Li an Australien schéngt China déi sougenannte Panda-Diplomatie ze reaktivéieren.
© ASANKA RATNAYAKE POOL AFP

Bei engem Gang duerch den Zoo vun Adelelaide huet de chineesesche Regierungschef annoncéiert, dass déi zwee Pandae Wang Wang a Fu Ni, déi den Ament am Zoo liewen, zeréck a China solle geholl ginn. Ma den Zoo soll sou séier ewéi méiglech zwee nei Pandae kréien.

Dass China Australien zwee nei Pandaen ausléine wäert, géif dem Li no op de Wonsch vun der australescher Ausseministesch Penny Wong zeréckgoen. Dës hätt bei ihrer Visitt zu Peking am November zejoert dorun erënnert, dass déi zwee Pandaen am Zoo vun Adelaide deemnächst géifen zeréck a China reesen. Als Reaktioun op déi annoncéiert zwee nei Pandae fir den Zoo, huet et vun der Ministesch geheescht, dass dës gutt fir den Tourismus zu Adelaide wieren an en Zeeche vu chineeseschem gudde Wëllen duerstelle géifen.

China bedreift schonn zanter Joerzéngten eng sougenannte Panda-Diplomatie, bei där aner Staate Pandaen ausgeléint kréien, fir op dës Manéier den Image vu China an deene jeeweilege Länner ze verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO