
Zanter Ufank des Joers sinn op Zypern dausende Kazen duerch een aggressive Virus ëm d’Liewe komm. Och a Groussbritannien gouf elo een éischte Fall gemellt. An Däitschland wieren awer aktuell nach keng Fäll bekannt.
De Virus gëtt virun allem importéiert, well fräilafend Kazen ouni Besëtzer an Europa bruecht ginn an zur Adoptioun ugebuede ginn. “Déi aktuell Fäll an England kommen duerch den Import vu Kazen aus Zypern”, erkläert d’Katrin Hartmann vun der Kleng-Déiere-Klinick vun der Ludwig-Maximilians-Universitéit zu München. Op der Insel gëtt et eng grouss Populatioun u Kazen, déi änlech wéi südeuropäesch Stroossenhënn kee Besëtzer un an dann an aner Länner ageflu ginn, fir do eng nei Famill ze fannen.
Déi feline infektiéis Peritonis (FIP) ass, wa se net behandelt gëtt, eng déidlech Krankheet, déi Kaze betrëfft. Dobäi handelt et sech ëm eng Erkrankung, déi scho laang bekannt ass a vum feline Coronavirus (FCoV) ausgeléist gëtt. Och an Däitschland kënnt den Erreeger fir, wéisst an der Reegel awer net vill Symptomer a verursaacht héchstens liichten Duerchfall.
Nëmme seele kënnt et zu enger Verännerung vun deem eigentlech harmlose Virus. Méiglech Symptomer sinn da meeschtens Féiwer, Usammlunge vu Flëssegkeet am Bauch- a Broschtberäich, Probleemer mat den Aen oder e Verloscht vum Appetit.
De Virus gëtt warscheinlech vu Kaz zu Kaz iwwerdroen, verbreet sech séier a betrëfft Kazen an all Alter. Wichteg ass et d’Krankheet séier ze erkennen an direkt mat enger Therapie unzefänken, dermat d’Kaz nees gesond gëtt.