
Der brittescher Déiereschutzorganisatioun Donkey Sanctuary no huet alles mat der chineesescher Fernseeserie “Empresses in the Palace”, also “Keeserinnen am Palais”, ugefaangen. Hei gëtt aus der Haut vun Ieselen e “Wonnermëttel” aus der chineesescher Medezin mam Numm “Ejiao” hiergestallt. D’joerhonnertal Traditioun suergt awer fir vill “Leed an de grausamen Doud vun dausenden Ieselen”, schreift d’Weltdéiereschutzcommunautéit. Ejiao gëtt aus grousse Quantitéiten un Ieselhaut gemaach. Duerch d’Akache vun der Haut entsteet eng donkel Gelatinn, déi dann zu rechteckege Bléck geformt gëtt. Der Traditioun gëtt eng medezinesch an eng kosmetesch Wierkung zougesprach.
Den Simon Pope vum Donkey Sanctuary mengt, datt d’Nofro no Ejiao mam Erschénge vun der Serie am Joer 2011 enorm geklomme wier. “De Problem war, datt China einfach net genuch Ieselen huet, fir d’Nofro ze decken.” Esou géing sech de Maart un Ieselen, déi a Länner wéi dem Simbabwe, Mali an Tansania verkaf ginn. Nodems d’Indigene refuséiert hunn hir Déieren ze verkafen, goufen ëmmer méi Iesele geklaut. D’Bauere géingen dacks hire Déiere geschluecht an ouni Haut am Feld fannen. Si géinge mat Hummeren entschlof ginn oder hinne géing d’Strass duerchgeschnidde ginn. Hei an do wiere se souguer nach lieweg, wann hinnen d’Haut erofgezu gëtt.
Vill afrikanesch Länner reagéieren elo: Tansania huet leschte Mount d’Schluechte vun Iesele fir de Fellhandel verbueden, well d’Ieselspopulatioun vum Ausstierwe menacéiert ass. Och an Nigeria an a Kenia ginn et Verbueter fir d’Schluechte vun Ieselen an den Export vun den Déieren. Fir vill Mënschen hänkt hir Existenz vun den Déieren of.