
Eng 80 Mol gouf an där Period an de lëtzebuergesche Gäert, Parken a Wisen gezielt an et ass haaptsächlech drëm gaangen, wéi eng Insekte sech ronderëm Haus a Gaart ophalen.
D’Wiederkonditioune waren net optimal, fir vill Insekte kënnen ze gesinn. Et konnten awer eng Partie Zuele gesammelt ginn. Et gëtt dann och eng nei éischt Plaz. D’Bommel gouf 202 Mol gezielt. Well si besonnesch gutt op méi kal Wiederbedingungen ugepasst sinn, kéint dat en Afloss op d’Zielung gehat hunn.
Op Plaz Zwee kënnt d’Schwiefméck (Hainschwebfliege / Episyrphus balteatus), déi 143 Mol gesi gouf, virum Himmelsdéierchen (mat 7 Punkten) op Plaz 3 mat 133 Siichtungen.
D’Bommelen an d’Himmelsdéiercher goufen an 61,3% vun de Gäert gesinn. Bei der “Hainschwebfliege” waren et 60%.
