Neie Member fir d'Hondsstaffel an AussiichtDe Bailey huet mat senger CGDIS-Ausbildung ugefaangen

Sarah Cames
De Bailey fänkt zesumme mat senger Meeschtesch Isabelle eng Ausbildung fir d'Hondsstaffel vum CGDIS un.
© GIS Cynotechnique CGDIS via Facebook

De Groupe Cynotechnique (GCYN) ass dofir ausgebilt, Leit, déi verschott sinn oder sech veriert hunn, séier erëmzefannen. D’Muppen notzen dofir hir besonnesch empfindlech Nuesen.

De Bailey, deen elo zesumme mat senger Meeschdeg d’Ausbildung fir d’Hondsstaffel ugefaangen huet, ass ee Viszla: Déi ungaresch Juegdhënn si fir hir gutt Nuesen a Mënschefrëndlechkeet bekannt.

D’Hondsstaffel zu Lëtzebuerg gouf 1995 an d’Liewe geruff an ass 2018 an de CGDIS integréiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO