Villche vum Joer 2023De Bestand vun der Duerteldauf ass an de leschte Joren dramatesch zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
De Villche vum Joer 2023 ass d'Duerteldauf, also d'Turteltaube op Däitsch. Dat huet Natur&Ëmwelt en Donneschdeg de Moie matgedeelt.

An de leschten 10 Joer ass de Bestand hei zu Lëtzebuerg ëm 90 Prozent zréckgaangen. Am Mëttelmierraum ass et zum Beispill en Hobby, dës kleng Dauf ofzeschéissen. Bis zu zwou Milliounen Duerteldauwe ginn ofgeschoss, wat an der EU awer verbueden ass.

Eréischt Enn Abrëll kënnt dëse Villchen zréck aus dem Wanterquartéier südlech vun der Sahara op Lëtzebuerg. D’Duerteldauf ass d’Symbol fir Léift, Trei a virun allem Fridden.

Anescht wéi d’Staddauf ass d’Duerteldauf schei a verstoppt sech e bësse gär an der Landschaft. Koppele kucken een nom aneren, fleegen d’Fiedere vum Partner a gurren, wat dann “duertele” genannt gëtt, an op mënschlech, verléifte Koppelen iwwerdroe gëtt.

LINK: D’Schreiwes vun Natur&Ëmwelt

Back to Top
CIM LOGO