"Speed"-DatingDe Kopenhagener Zoo hofft op Panda-Nowuess duerch eng nei Method

RTL Lëtzebuerg
Den Zoo vu Kopenhagen setzt bei der Zuucht vu Pandaen op d'Fréijoer, besser gesot op extra fréi Fréijoersgefiller.
© AFP Archivbild

Wéi den Déierepark e Mëttwoch annoncéiert huet, hätt een d’Panda-Koppel elo schonn an hire gemeinsamen Auslaf gelooss. Ee Mount éischter, wéi et u sech an der Panda-Zuucht üblech ass. Doduerch solle béid Bieren d’Geleeënheet kréien, sech uneneen ze gewinnen a wa méiglech méi séier a Stëmmung kommen.

“Et geet lass mam Panda-Date”, heescht et deemno an enger Erklärung vum Zoo. Den Ament géif allerdéngs "(nach) keng Léift an der Loft leien”, wéi och Fotoe vum Zoo weisen. Éischter de Contraire wier de Fall, Panda-Koppele bekämpfe sech fir unzefänke gär, wa si zesummebruecht ginn.

Den Zoo hat d’Mao Sun an de Xing Er am Fréijoer 2019 fir 15 Joer vu China ausgeléint kritt. Zu Kopenhagen sollt fir d’Bieren en neit Kapitel als Koppel, respektiv Elteren ufänken. Ma zanterhier sinn all Versich, dass et tëscht hinne soll funken, schif gaangen.

Wann et an der Léift net klappt, gëtt et Zäit fir eppes Neies.

Den Zoo versicht et wéi gesot mat enger neier Method. Soubal déi éischt Fréijoerssonn sech weist, ginn d’Biere virun d’Dier an d’frësch Loft gesat - Pandaen, souwuel béi Brong- an Äisbieren. “Mir setzen se elo schonn zesummen, och wann d’Mao Sun réischt an e puer Wochen esou wäit wäert sinn”, sou den Zoo-Véidokter Mads Frost Bertelsen. D’Phas am Fréijoer, an där e Panda-Weibchen empfängnisbereet ass, dauert nëmmen zwee bis dräi Deeg.

Pandae sinn als Sex-Muffel bekannt.

“De Problem ass, dass si u sech net wierklech wëssen, wat si do maache sollen. An dass si just eemol am Joer übe kënnen”, sou de Bertelsen weider. “Mir hu festgestallt, dass si Problemer hunn, sech openeen anzestellen. Wann d’Weibche säi Bäitrag leescht, ass d’Männche mat eppes anescht beschäftegt an ëmgedréint.”

Der Organisatioun “Panda International” no ginn et weltwäit just nach 1.864 Pandaen. Eng 600 vun hinne liewen a Gefaangenschaft. Am Berliner Zoo hat d’Panda-Weibche Meng Meng den 31. August 2019 Zwillinge gebuer. Si goufe Meng Xiang a Meng Yuan gedeeft, ginn awer och ganz einfach Pit a Paule genannt.

Back to Top
CIM LOGO