No Protester vun DéiereschützerDe Moulin Rouge zu Paräis stoppt Show mat Schlaangen

RTL Lëtzebuerg
D'Déiereschutzorganisatiounen haten ugekënnegt, virum Moulin Rouge ze protestéieren. Och vun enger Klo wéinst Mësshandlung vun Déieren war Rieds.
© AFP Archivbild

De Variété-Theater huet doropshi reagéiert a seng Show mat Schlaangen aus dem Programm geholl. De Moulin Rouge kënnt senger Verflichtung deemno méi séier no wéi geplangt, eng Demonstratioun virum bekannten Theater wollt ee verhënneren. Och eng Klo wéinst Mësshandlung vun Déiere stoung am Raum.

An der ëmstriddene Show war eng Dänzerinnen op der Bün an engem transparente Pool, an deem Pythonen dra waren. Et géif sech ëm eng geschützten Aart handelen, huet et geheescht, déi en plus u Land an net am Waasser géing liewen.

No éischte Protester hat de Moulin Rouge en Enn vun der Schlaange-Show réischt fir 2024 annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO