RTL-Podcast iwwer DéierenDe Mupp ass fortgelaf - Wat maachen? Informatiounen am aktuelle "Pattcast"

RTL Lëtzebuerg
Am "Pattcast", dem Podcast iwwer Déieren, diskutéiere mir iwwer Muppen, Kazen, Päerd an aner Aartgenossen.
© AFP

Zesumme mam Tanja Forette vun de Sichhënn.lu, gouf dës Kéier d’Fortlafe vun den Hënn thematiséiert. Wéi soll ee virgoen, wann de Mupp sech aus dem Stëbs gemaach huet, respektiv wéi kann een dëst sou gutt wéi méiglech versichen ze verhënneren?

Op dës a weider Froe kritt Dir Äntwerten an där neister Episod vum Pattcast, dat zesumme mat Sichhënn.lu déi Invité bei eis am Studio waren.

Fannt hei all d’Episode vum “Pattcast”.

Back to Top
CIM LOGO