
Am Joer 2008 huet d’Japanerin Atsuko Sato e weibleche Shiba Inu aus engem Déierenasyl an der Präfektur Chiba ëstlech vun Tokyo adoptéiert. Dass aus der Muppen-Damm mam Numm Kabosu eng Kéier e Star sollt ginn, konnt hir Besëtzerin deen Ament nach net wëssen.
Ma am Joer 2010 sollt op eemol alles ganz séier goen. An deem Joer huet d’Atsuko nämlech eng Foto vum Kabosu gemaach an dës op hirem perséinlechen Internet-Blog publizéiert. Ma d’Foto, op där de Mupp mat engem liicht skeptesche Bléck an d’Kamera kuckt an déi zwou viischt Patten iwwertenee geschloen huet, sollt den Humor vun der Internet-Communautéit vun de fréien 2010er Joren perfekt treffen.
Bannent kuerzer Zäit huet d’Bild als sougenannten “Doge Meme” d’Ronn gemaach a sech rasant op de soziale Medien an de groussen Image Boards verbreet. De Meme besteet am Wesentlechen doraus, dass dem Mupp seng Gedanken a grammatesch falschem Englesch zesummegefaasst ginn. Sätz wéi “wow much happy” oder “so scare” sinn Deel vun der Internet-Kultur ginn.
Ma dat sollt net den Enn vum Kabuso senger Berüümtheet sinn. Am Joer 2013 gëtt d’Cypto-Wärung Dogecoin kreéiert an de Shiba Inu gëtt de Logo vun der Wärung. Ganz séier weise sech eng Rei Berüümtheete vun der neier Crypto-Wärung begeeschtert. Ob aus Iwwerzeegung oder well si déi ganz Affär witzeg fannen, ass net esou ganz kloer. Ma nieft dem Rapper Snoop Dogg an dem Besëtzer vun der NBA-Ekipp Dallas Mavericks Mark Cuban ass et virun allem den Elon Musk, deen den Dogecoin berüümt mécht. Wann den Elon Musk Enn den 2010er, ugangs den 2020er Joren op Twitter - dat deemools nach net X war - iwwer Dogecoin geschriwwen huet, ass de Wäert vun der Wärung deelweis ëm e Villfacht geklommen.

Dem Kabosu senger Berüümtheet schéngt seng Roll als Logo vun der Wärung nëmme genotzt ze hunn. En digitaalt Bild, e sougenannten NFT vun der Muppen-Damm gëtt esouguer fir 4 Milliounen $ verkaf.
2022 gouf et dunn allerdéngs eng schlecht Noriicht fir d’Kabosu an hir Besëtzerin. Bei der Internet-Berüümtheet gi Leukemie an eng Liewerkrankheet diagnostizéiert. E Freideg ass de Shiba inu schliisslech u senge Krankheete gestuerwen. Wéi d’Atsuko op sengem Blog geschriwwen huet, géif si mengen, dass d’Kabosu de glécklechste Mupp op der Welt gewiescht wier. Si wier jiddwerfalls déi glécklechst Besëtzerin op der Welt gewiescht.