
Den zwee Joer ale Storch huet nämlech eng méi ongewéinlech Rees hanneru sech an huet iwwer Europa, den Noen Osten an Afrika am Ganzen 23 Länner iwwerflunn. Hien huet sech fir de Réckwee en anere Wee erausgesicht, sou e Bericht am Greenpeace Magazin.
De Findus ass am spéide Summer 2022 iwwer Däitschland, Südosteuropa, d’Tierkei an den Noen Osten bis an de Sudan geflunn. Do huet hien dunn iwwerwantert, wéi GPS-Donnéeë gewisen hunn. Am Februar huet hie sech nees op den Heemwee gemaach, ass do awer ganz onerwaart iwwert de Weste geflunn. Deemno goung seng Rees iwwert den Tschad, Niger, Algerien a Marokko bis zeréck an Europa. Enn Juni war hie fir d’lescht a Südfrankräich.
E solarbedriwwene GPS-Sender op sengem Réck verréit, wou de Findus grad ënnerwee ass. De Projet gëtt vum dänesche Storcheschutzveräin “storkene.dk” an dem Naturhistoresche Musée Kopenhagen duerchgeféiert. Do huet een och schonn eng Vermuddung, wisou de Storch en anere Wee fir d’Heemrees gewielt huet. Hien huet sech wuel aneren Zuchvigel, déi hir Route iwwert de Westen iwwer Gibraltar a Spuenien festgeluecht hunn, ugeschloss. Storche maachen dat alt, sech aneren, méi “lockeren” Truppen unzeschléissen, sou Greenpeace Magazin. Zesumme reest et sech ebe besser.