Et ass all Joer nees en Highlight am Déieresportkalenner: D’World Dog Surfing Championships am kalifornesche Pacifia. Leschte Samschdeg waren nees eng 7.000 Spectateuren derbäi an hunn déi 20 Muppen an der Kompetitioun bewonnert, déi emol méi an emol manner selbstbewosst um Briet stoungen.
Mat Sécherheetswesten a Go-Pro-Kameraen ausgerëscht goung et an d’Waasser. D’Hënn goufen ënner anerem dorop jugéiert, wéi laang se um Briet stoe konnten, an ob se iergendwellech Tricken zum Beschte ginn hunn.
De grousse Gewënner vum Dag war e bronge Labrador mam Numm “Cacau”, deen extra fir d’Kompetitioun aus Brasilien ugereest ass an direkt an e puer Kategorien déi éischt Plaz gemaach huet. Hien ass net just hannerzeg um Briet gesurft, ma huet wärenddeem och nach “siegessécher” gebillt.