"Fat Bear Contest" am AlaskaDéidlechen Drama virun Ufank vu Wal zum déckste Bier 2024

RTL Lëtzebuerg
Och dëst Joer sicht de Katmai-Nationalpark am Alaska deen déckste Bier. Virum Ufank vum Concours koum et awer zu engem dramatesche Kampf.
© Katmai Nationalpark

Fir hire méintelaange Wanterschlof ouni Iessen z’iwwerstoen, friesse sech Biere bis den Hierscht Fettreserven un. Deemno ass et elo erëm Zäit fir de “Fat Bear Contest” am Nationalpark Katmai am US-Bundesstaat Alaska. Fir déi 10. Kéier kënnen d’Leit online ënner 12 Bieren deen Déckste kréinen. Eng Woch laang kann ee fir säi Favorit ofstëmmen. Fir deen ze bestëmmen, kann een de Pelznuesen iwwer Webcam nokucken, wéi si fëschen a frupsen - ganzer 11 Millioune Mënschen haten de Bieren d’lescht Joer dobäi nogekuckt. Bal 1,4 Millioune Leit aus der ganzer Welt sollen dem Park no hir Stëmm ofginn hunn.

Bei de leschte “Fat Bear"-Walen hat sech de weibleche Bier “Grazer” géint hir Konkurrenten duerchgesat. D’lescht Joer hat “dat gefréissegt Meedchen” an der Finall däitlech méi Stëmme kritt wéi de “Kärel mam décke Bauch”, den Chunk, heescht et vun der Parkverwaltung.

Déidlechen Drama am Floss

Éier d’Wal fir deen déckste Bier 2024 ugefaangen huet, war et allerdéngs zu engem déidleche Kampf komm, woufir de Concours ëm een Dag no hanne geréckelt gouf. Op enger vun de Webcams laanscht de Floss, wou Dosende Biere fësche ginn, haten e Méindeg de Moien d’Weibche mat der Nummer 402 an e Männchen, de 469, matenee gekämpft. Ze gesinn ass, wéi si minuttelaang am Waasser matenee réngen, sech bäissen a mat hire Krallen openee lassginn. Bemol ass nëmmen nach de 469 ze gesinn, deen dat doudegt Weibchen u Land zitt.

Esou déidlech Kämpf tëscht zwee erwuessene Biere wieren éischter rar, sot den Naturfuerscher Mike Filtz an engem Videochat mat zwee Ranger um Site vum “Fat Bear Contest”. Sträit ëm Fësch si meeschtens séier eriwwer an a suergen nëmme fir kleng Blessuren. “Et ass schwéier ze kucken, wéi de Bier ëm säi Liewe kämpft”, huet d’Naomi Boak, Parkrangerin, nach betount. Et hätt iwwerdeem och Hiweiser dorop ginn, datt de 469 de Kadaver iesse wollt.

D’Weibche mat der Nummer 402 war déi éischt Kéier 2001 als Jongdéier am Park opgefall. Si huet op d’mannst aacht Mol Nowuess op d’Welt bruecht a war 2023 selwer Kandidatin beim “Déckste Bier"-Concours. Nom onerwaarten Doudesfall war d’Presentatioun vun den 12 Bieren, déi fir e Méindeg geplangt war, op en Dënschdeg geréckelt.

Nationalpark wëll informéieren

Datt d’Wal awer organiséiert gëtt, dorun hält de Katmai-Nationalpark awer fest. Mam Concours soll iwwer den Ekosystem an de Liewensraum vun de méi wéi 2.000 Brongbieren an der Regioun informéiert an op Geforen, wéi zum Beispill dem Klimawandel, opmierksam gemaach ginn. D’Gebitt am Alaska huet déi gréisste Brongbier- a Saumon-Bestänn op der Welt.

Fir hire Wanterschlof sinn d’Pelznuesen op kalorieräicht Fudder ugewisen. Doduerch datt si méintelaang näischt friessen, verléiere si ronn en Drëttel vun hirem Kierpergewiicht. Ma dëst Joer wieren d’Saumonen awer e bëssen ze spéit komm an d’Fësch wiere liicht méi kleng ewéi soss. Donieft wier de Summer relativ waarm gewiescht. Héich Waassertemperature kéinten d’Saumon-Bestänn menacéieren, warnt de Parkranger Matt Johnson.

Och Jongbiere kënne gekréint ginn

Schonn d’lescht Woch hat de Katmai-Park de “Fat Bear Junior Contest” organiséiert, bei deem och den Nowuess eng Chance huet. Vun de véier mockelege Bieren huet d’Weibche mat der Nr. 909, déi sech scho virun zwee Joer den Titel geholl huet, gewonnen. Op der Foto nom Wanterschlof am Juli war nach e gouerege Bier mat struppegem Pelz ze gesinn, wougéint op der Foto am September e gutt gefëllte Bier ze gesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO