Polizisten op "Safari"Déiereflüsterer an Uniform fänken Zebra zu Bad Homburg an

RTL Lëtzebuerg
En déiereschen Asaz gouf et fir d'Police vu Westhessen, nodeems si en Zebra gemellt kruten, dat an de Felder géif lafen.

Eng besuergte Fra hat d’Déier gesinn an d’Police alarméiert. D’Zebra géif “fräi duerch d’Felder” vum hesseschen Ober-Erlenbach lafen. D’Beamte ware skeptesch, ma d’Fra um Telefon huet betount, si géif awer nach kënnen en Zebra vun engem Päerd ënnerscheeden.

D’Poliziste sinn deemno “op Safari” gaangen an tatsächlech stoung do en Zebra am Feld.

Mat enger Lénkt a ville Leckerlien ass et de Beamte gelongen, dat scheit Déier anzefänken an nees bei säi Besëtzer op d’Weed ze bréngen. D’Zebra war do duerch e Lach am Zonk entwëscht. De Proprietär gouf informéiert an d’Lach gefléckt.

Back to Top
CIM LOGO