Stopp fir lieweg ChrëschtkaddoenDéierenasyl Tréier vermëttelt bis Januar keng Déiere méi

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joer gëllt am Déierenasyl vun Tréier kuerz virun de Chrëschtdeeg a bis an dat neit Joer eran e Vermëttlungsstopp vun Déieren. Dat aus guddem Grond.
© Caia Image / Science Photo Library via AFP

En immens beléifte Kaddo fir d’Chrëschtdeeg sinn all Joer erëm Hausdéieren - e Kaddo, dee soll gutt iwwerluecht sinn. Esou schéin d’Freed un Hellegowend zwar ass, kënnt e puer Woche méi spéit dacks d’Realisatioun, datt en Hausdéier vill Zäit, Méi a Sue kascht.

A ville Fäll landen déi lieweg Chrëschtkaddoen dann am neie Joer am Déierenasyl. Aus deem Grond huet d’Tréierer Asyl decidéiert, vum 13. Dezember bis den 3. Januar keng Déiere méi ze vermëttelen.

“Déiere si keng Chrëschtkaddoen”, schreift d’Déierenasyl an hirer Annonce vum Stopp op Facebook. “Si gehéieren net ënnert den Dännebam, net an de Feierdagsstress a scho guer net an en neit Doheem, wann e puer Deeg méi spéit d’Silvestergeknupps lassgeet.”

Wien trotzdeem eng “pelzeg Freed” maache wëll, kann d’Tréierer Déierenheem kontaktéieren, fir zum Beispill eng Memberskaart ze verschenken.

Wie scho virum Stopp e Rendez-vous mam Déierenasyl ausgemaach hat, ass natierlech net vun der Mesure betraff.

Back to Top
CIM LOGO