
D’Déieren, déi an enger Kolonie ënnert enger Bréck gelieft hunn, waren an der extremer Keelt, déi u Chrëschtdag grouss Deeler vun den USA getraff huet, bal erfruer an aus 9 Meter Héicht op den Trottoir gefall.
Well d’Fliedermais extrem kleng sinn a kaum Kierperfett hunn, kënne si net laang iwwerliewen, wa si bei kalen Temperaturen um Buedem leien, sou d’Déiereschützer op hirer Facebooksäit.
Zanter leschter Woch en Donneschdeg hu si méi wéi 1.500 Fliedermais opgesammelt an an engem Déierenasyl ënnerbruecht. Déi Meescht hu fir ze iwwerliewen nëmme Wäermt a Waasser gebraucht, e puer missten awer an Inkubatore geluecht an intravenéis ernäert ginn.
Wéi et weider vun den Déiereschützer heescht, huet de Gros vun de Fliedermais iwwerlieft. Ronn 700 vun hinne goufen zeréck an hir Kolonie ënnert der Bréck bruecht.