
1992 gouf hien als klenge Mupp am Veterinärservice vun der portugisescher Gemeng Leiria ugemellt.
Hien huet säi ganzt Liewen op engem portugisesche Bauerenhaff verbruecht. Sengem Meeschter Leonel Costa no, hätt dat rouegt Liewen an dat gutt Iessen zum Bobi sengem héijen Alter bäigedroen. De Mupp hätt säi ganz Liewen iwwer ëmmer dat nämmlecht Iesse wéi säi Meeschter kritt an ni aus der Dous giess.
E Samschdeg ass de Bobi dann am Alter vun 31 Joer an 165 Deeg gestuerwen. Dat huet d’Dokter Karen Becker, eng Déierendoktesch, déi de Bobi e puer Mol ënnersicht huet, op Facebook matgedeelt. Och wann hien all anere Mupp an der Geschicht iwwerlieft hätt, wiere seng 11.478 Deeg op dëser Äerd net genuch gewiescht, heescht et am Post.