RIP PebblesDen eelsten Hond vun der Welt ass am Alter vun 22 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Toy-Foxterrier-Muppen-Damm war dem Guinness-Buch vun de Rekorder deen eelsten Hond vun der Welt.
© AFP

D’Pebbles ass mat 22 Joer doheem gestuerwen. Et war en natierlechen Doud, wéi d’Besëtzerin Julie Gregory op Instagram geschriwwen huet.

Den 28. Mäerz 2000 ass d’Muppen-Damm am US-Bundesstaat New York op d’Welt komm an huet de gréissten Deel vun hirem Liewen zu South Carolina verbruecht. Déi lescht 10 Joer krut d’Pepples iwwregens just Kazefudder zerwéiert a krut am Laf vun hirem Liewen am Ganzen 32 kleng Welpen.

D’Guinness World Records hat d’Déier am Mee zum eelsten Hond vun der Welt ernannt. Vill gutt Fleeg, mat ganz vill Léift hätten dofir gesuergt, dass d’Pepples esou al ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO