Däitsch Stëftung fir wëll DéierenDen Europäesche Kéiseker ass d'Déier vum Joer 2024

RTL Lëtzebuerg
Dat huet déi däitsch Stëftung fir wëll Déieren e Méindeg matgedeelt. Zur Auswiel stoungen och nach d'Kaweechelchen an de Roude Fuuss.
© AFP/Archiv/Damien MEYER

Wéi et vum Chef vun der Stëftung, dem Klaus Hackländer, heescht, hätt domadder en Déier gewonnen, “dat wuel all Kand kennt - dat et awer an eiser Kulturlandschaft ëmmer méi schwéier huet”.

De Kéiseker géif der Stëftung no ëmmer manner passende Liewensraum fannen. Um Land géif et deemno ëmmer manner Hecken an aarteräich Wise ginn. Et gëtt geschat, datt an Däitschland entretemps néngmol méi Kéiseker an de Stied liewen, wéi um Land. Wéi vill Kéiseker insgesamt an Däitschland liewen, ass net gewosst, Experte ginn awer dovunner aus, datt de Bestand lues a lues ofhëlt.

Back to Top
CIM LOGO