Et ass ee vun de gréissten Albdreem vun all Hondsbesëtzer: et wëll een e puer schéin Deeg mat senger Famill an der Vakanz verbréngen, mä et kënnt een un an op eemol feelt ee Familljemember. Stonnelaang an der Ongewëssheet, well een net weess, wou de Mupp drun ass oder ob et him gutt geet... genau dat huet d’Famill vum Tjui erlieft.
D’Fléie selwer war fir den deemools 10 Joer ale Shar Pei kee Problem. Hie war et gewinnt, mat senge Meeschteren ze verreesen, d’Sonn ze genéissen, un der Plage ze lafen an et sech a spuenesche Restaurante gutt schmaachen ze loossen. Viru sechs Joer hat eng Vakanz allerdéngs net sou wéi erwaart ugefaangen.
Vu Lëtzebuerg aus goung et mam Fliger et a Richtung Palma. Um Fluchhafen huet de Rich Simon op säi Véierbeener gewaart, awer en ass einfach net opgedaucht. Wéi sech no enger Zäit erausgestallt huet, gouf de Mupp vum spuenesche Fluchhafepersonal ënnen an der Soute vergiess an ass du mat der Lëtzebuerger Airline weider an déi franséisch Stad Lille geflunn. Aacht Stonne laang souz den Tjui agespaart a senger Këscht, éier hien endlech zu Palma voller Freed empfaange gouf. Normalerweis dauert de Vol vum Grand-Duché op Mallorca nëmme knapp zwou Stonnen. De Shar Pei huet allerdéngs eng extra Ronn duerch Europa gedréint.

Glécklecherweis hätt dat Erliefnis den Tjui net ze vill matgeholl, huet säi Meeschter erzielt. Vun deem villen Hin an Hier wier de Mupp zwar midd gewiescht, awer seng Vakanz huet de Véierbeener trotzdeem genoss. Wéi et dunn nees a Richtung Heemecht goe sollt, war bei der Famill d’Suerg grouss, datt den Hond net méi an d’Këscht klamme géing. Ma den Tjui, dee vun Natur aus en éischter gemittleche Gesell ass, huet keng gréisser Ustalte gemaach an ass geloossen an d’Transportbox geklommen.
A genausou geloossen ass och dem Véierbeener säin Ëmgang mat de Lëtzebuerger Medien. Direkt zwee Mol war den Tjui Mëttelpunkt vun engem RTL-Reportage, an deem et iwwert seng Odyssee goung. Den Interessi bei der Lieserschaft war grouss. E Portrait vun him a sengem Meeschter Rich Simon gouf et iwwerdeems an der “Revue”. Zäiten, un déi den Tjui och hautdesdaags nach gären zeréckdenkt, wéi sech wärend eisen Dréiaarbechten erausgestallt huet.

Dem Tjui säin Erliefnis hat sech och séier bei der nationaler Fluchgesellschaft erëmgeschwat. Net nëmmen duerft de Mupp no senger Aventure dräi Joer laang gratis bei der Luxair matfléien, ma och mam antëscht verstuerwene Pilot hat de Rich Simon bis kuerz viru sengem Doud ëmmer nees Kontakt.
Aacht emouvant Stonnen, déi aus engem hondsgewéinleche Véierbeener e klenge Star gemaach hunn.