Eriwwer mam Zoo doheemDen US-President Joe Biden verbitt d'privat Hale vu Raubkazen

RTL Lëtzebuerg
Privat Zooe mat Raubdéieren, wéi "Tiger King", deen duerch eng Netflix-Dokuserie bekannt gouf, soll et an Zukunft an den USA net méi ginn.
© AFP

Den US-President Joe Biden huet en Dënschdeg e Gesetz ënnerschriwwen, dat d’privat Hale vu Raubkaze verbitt. D’Hale vun Tiger, Léiwen, Jaguaren an anere Grousskazen dierfen deemno vun elo u just nach Zooen, Schutzariichtungen, Universitéiten oder Regierungsagencen.

D’Gesetz verbitt donieft all direkte Kontakt tëscht Visiteuren an de Raubkaze wéi zum Beispill d’Heemele vun de Klengen. Privatleit, déi de Moment schonn esou Déiere besëtzen, dierfe se zwar halen, mussen hir Déieren awer offiziell enregistréiere loossen.

D’Naturschutzorganisatioun “In Defense of Animals” begréisst dat neit Gesetz. Domat wier et an Zukunft verbueden, Grousskaze fir “Ënnerhalungszwecker an onnatierlech Situatiounen ze zwéngen”. Dat bedeit och, dass d’Déieren net méi ënner Medikamenter gesat, transportéiert oder als Objet fir Fotoe genotzt ginn. Och d’Welpen-Heemelen huet domat en Enn. Vill Privatzooe bidden de Visiteuren un, Jongdéieren op den Aarm dierfen ze huelen, ze fidderen a Fotoe mat hinnen ze maachen.

D’Netflix-Serie “Tiger King” ëm de Privatzoo-Bedreiwer Joe Exotic war matte wärend der Corona-Pandemie zu engem iwwerraschenden Hit ginn. Den Exotic gouf am Januar 2021 zu 22 Joer Prisong verurteelt, well hien zwee Optragsmäerder op d’Bedreiwerin vun enger Déiereschutzariichtung ugesat hat, mat där hien zanter Joren am Sträit war.

Back to Top
CIM LOGO