
E Sonndeg war op der Staatstëlee vun Turkmenistan ze gesinn, wéi de wäissen Alabai mam Numm Akchan zesumme mat sengem Trainer ausgezeechent gouf. Mat wéi enge Leeschtunge sech den Akchan dës Auszeechnung verdéngt huet, bleift awer oppen.
An der fréierer Sowjetrepublik Turkmenistan gëtt et e richtege Kult ëm d’Rass Alabai. De fréiere President vun der Republik, de Gurbanguli Berdimuchamedow, hat d’Rass souguer als Nationalsymbol klasséiere gelooss. De Berdimuchamedow, dee fir säi Persounekult bekannt ass, huet der Rass iwwerdeem sëllege Gedichter a Bicher gewidmet. Am Zentrum vun der Haaptstad Aschchaba steet ausserdeem eng 15 Meter héich gëllen Alabai-Statu.
“D’Spezialiste schätzen, datt den Alabai déi eenzeg Rass ass, déi net vun anere beaflosst gouf an dowéinst hir al geneetesch Rengheet gehalen huet”, heescht et e Méindeg an engem Artikel vun der Zeitung “Neutrales Turkmenistan”. Mat dësem Hond hätt “dat turkmeenescht Vollek der Welt net nëmmen en onvergiesslecht Beispill vun der Ziicht-Konscht geschenkt”, mä och “iwwer Joerhonnerten d’Rengheet vun der eelster Rass erhalen”.