Serie Déierenasyl (Deel 1)D'Lëtzebuerger Déierenasyler sinn iwwerfëllt

RTL Lëtzebuerg
Wouhinner mam Mupp, wann een net méi mat em eens gëtt, ee muss plënneren oder wann een an d'Vakanz fiert?
Serie Déierenasyl (1): D'Lëtzebuerger Déierenasyler sinn iwwerfëllt
Heiansdo vergiessen d’Déierebesëtzer och hir Muppen a Kazen, wa se d’Vakanz plangen. Et kënnt ëmmer nees vir, datt Leit hir Déieren an en Asyl ginn.

Heiansdo vergiessen d’Déierebesëtzer och hir Muppen a Kazen, wa se d’Vakanz plangen. Esou kënnt et ëmmer nees vir, datt Leit hir Déieren an en Asyl ginn oder souguer aussetzen.

D’Anne Wiesen huet sech ee Bild vun der aktueller Situatioun an zwee Lëtzebuerger Déierenasyler gemaach.

D’Lëtzebuerger Déierenasyler sinn iwwerfëllt / Reportage Anne Wiesen

An den Déierenasyler zu Lëtzebuerg muss elo schonn improviséiert ginn, fir dass méi Déieren een Daach iwwert dem Kapp kréien. Dat huet eis de Paul Weber, de President vum Diddelenger Déiereschutzveräin, erkläert.

Mir hunn elo am Moment 12 Hënn am Asyl. U sech hu mir 5 Cagen, mee mir mussen och ëmmer e bëssen improviséieren. Dat heescht eleng vun den Zuele wäre mir iwwerfëllt.

Ofgesi vun den Hënn a Kaze gesäit een dëse Summer virun allem eng Hausse bei de Kanéngercher an aneren Nageren. De genaue Grond dofir ass nach net bekannt. Eng Méiglechkeet ass awer, dass d’Kanner méi al gi sinn a sech elo net méi fir hir Déieren interesséieren.

Mä net just d’Summervakanz bréngt d’Leit dozou, sech vun hiren Déieren ze trennen, esou de President vum Schëfflenger Déiereschutzveräin, de Sacha André.

Eppes, wat natierlech een heefege Grond ass oder den heefegsten, wou mir mierken, dat ass, wann d’Leit op eemol mat der Situatioun iwwerfuerdert sinn. Dat ass da grad ebe bei den Hënn, wa se sech d’Situatioun am Virfeld net gutt iwwerluecht hunn. Wa se sech net gutt informéiert hunn iwwert de Besoin vun der Rass.

Mä och déi momentan finanziell Situatioun zwéngt verschidde Besëtzer, sech vun hiren Déieren ze trennen. Wa Proprietäre plënneren, duerfen hir Muppen a Kazen dacks net mat an déi nei Wunneng.

Déi Responsabel bedaueren, dass d’Leit dacks eréischt vill ze spéit reagéieren. Sou kann et dann och emol sinn, dass d’Déieren op eng Waardelëscht mussen, well keng Plaz méi fräi ass.

Fir dës Situatioun an Zukunft ze verbesseren, musse laangfristeg Léisungen hier. Mä virun allem mussen d’Leit méi Verantwortung fir hir Déieren iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO