
D’Grënn, firwat en Hond aggressiv ka ginn, si ganz ënnerschiddlech. Engersäits kann et sinn, datt et en Angschtmupp ass. Dat Behuele kann och just a verschiddene Situatiounen opkommen, wéi bei Fuddernäid, oder duerch ze vill Adrenalin beim Spillen. Frustratioune kënnen och en Ausléiser sinn, erkläert den Hondstrainer Mike Peter:
“Frustratiounen zum Beispill kann einfach sinn, datt ech mäin Hond just net gewinnt an net gezillt hunn an den Hond mengt einfach och, et géing ëmmer esou lafen, wéi hie sech dat virstellt an et fënnt een et am Ufank och net esou schlëmm an e bemol ass een dann awer éischter genervt duerch esou Verhalen an dann einfach vun haut op muer seet, ok ech maachen elo verschidde Reegelen an den Hond frustréiert an huet Potential, fir duerch esou eppes, eng Bagatell eigentlech dann, och aggressiv ze sinn.”
Mat dem aggressive Verhale versicht de Mupp just eppes ze verdreiwen. Och wa bei Lëschtenhënn d’Gefor vun esou engem Behuele méi grouss ass, kënnt dat éischter duerch hiert Kierpergewiicht oder och duerch ee méi dënnen Nervekostüm. Ob gewollt oder ongewollt, entwéckelt sech déi potentiell Aggressioun duerch de Mënsch.
“Wann ech een Hond hunn, dee schonn, ech soe lo mol, een Adrenalinpeegel huet, dee mega héich ass, an deen net ganz vill brauch, fir sech op d’Palm dreiwen ze loossen, deen hunn ech éischter op enger aggressiver Reaktioun, wéi wann ech lo einfach soen, ‘ok Dir hutt elo ee gudden décken, lidderege Mupp doheem sëtzen, bis deen natierlech eng Kéier d’Zänn weist, da musst Dir scho vill dru maachen.’ Du hues einfach och awer Hënn, soen ech mol, wa se liicht fäertereg sinn oder si sinn einfach mega opgedréint an du hues Kanner doheem an en opgedréinten Hond, dee léisst sech net esou laang zanken, wéi wanns du een hues, jo, deem d’Welt einfach egal ass an dee gutt do läit, a wann eng Kéier ee Kand drop fält, dann ass dat esou a fir de Rescht léisst dee sech net aus der Rou bréngen.”
Bei engem aggressive Mupp ass et unzeroden, fir onbedéngt op professionell Hëllef zréckzegräifen. Et soll een en nämlech op kee Fall iwwerfuerderen, mee et hëlleft him alternativ Reaktiounsméiglechkeete bäizebréngen.
“Vill Leit mengen ëmmer, wa se an den Training kommen, wa se eng aggressiv Reaktioun hunn, si missten den Hond dozou animéieren déi Reaktioun ze weisen, fir se dann ze corrigéieren. Dat ass absolut falsch, well ee Lerneffekt hues du just, wann en Hond et richteg mécht. Dat heescht, et ass vill méi einfach am Training, well du kënns vill besser virun, den Hond guer net op déi aggressiv Reaktioun kommen ze loossen, mee him ganz kleng schrëttweis bäizebréngen, wéi ee mat esou Situatiounen ëmgeet, ouni op déi Aggressioun zréckzegräifen. Well d’Aggressioun ass am Fong just, dat Verhalen, wat en uwennt, wann en net méi weess, wat en eigentlech soll maachen. Also déi meescht Hënn, déi aggressiv reagéieren, déi hu just kee Plang, wéi si sech soss an där Situatioun solle verhalen.”
Duerch Bestätegung beim positive Verhale vum Hond, léiert e bäi an e verhält et och. Dëst kann een erreechen duerch e Luef oder andeems een him seng Spillsaach oder ee Leckerli gëtt. Da mierkt de Véierbeener, datt säi Mënsch zefridden ass.
Ee Maulkuerf ass eng Méiglechkeet, fir sech an déi aner Leit ze schützen. Wichteg ass och hei, datt de Véierbeener positiv un e rugefouert ginn ass.