Nordrhein-Westfalen an DäitschlandDouaniere saiséieren 20 Gëftschlaange vu 40 Joer alem Mann

RTL Lëtzebuerg
Douaniere sinn zu Bochum an Nordrhein-Westfalen op ee gëftegen Asaz geruff ginn.
© AFP/Archiv/Roslan RAHMAN

20 Gëftschlaange goufen do vun engem 40 Joer ale Mann saiséiert, deen insgesamt 26 exotesch Reptilie bei sech doheem hat. Zanter August gëtt géint de Mann ermëttelt, dat wéinst dem Verdacht op de Verstouss géint datt däitscht Naturschutz- a Gëftdéieregesetz.

De Mann soll geschützte Schlaangen, Fräschen an Echsen ouni déi entspriechend Autorisatiounen importéiert, gehalen an och verkaaft hunn. An der Wunneng vum Mann, déi Enn Januar duerchsicht gouf, waren dunn déi 26 Reptilie fonnt ginn. Zu den 20 héichgëftege Schlaange gehéieren och Puff- a Grubenottern.

Mataarbechter vun enger Opfangstatioun fir Reptilien hu sech ëm déi saiséiert Déiere gekëmmert. Dem Mann gouf iwwerdeems verbueden, Gëftdéieren ze halen. D’Veterinäragence zu Bochum huet ausserdeem ee generellt Verbuet, Déieren ze halen, géint de Mann ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO