Gemeng Réiden sicht no ZeienDoudegt Schof op Wee laanscht Bësch fonnt ginn
E Méindeg de Moie gouf zu Réiden "Am Quäkebësch" op engem Wee, respektiv Bësch laanscht d'Zone industrielle Solupla, eng grujeleg Entdeckung gemaach.
Verëffentlecht: 15.01.25 17:20, Update: 15.01.25 17:49
En doudegt Schof gouf do, an Tuten agepaakt, entsuergt. Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Réidener Gemeng mellen an der Receptioun um Nummer 26 004-1.