
“D’Faarf vun den Hënn hirer Iris ass méi donkel wéi bei de Wëllef an dës donkel Faarf beaflosst d’Perceptioun vun engem Hond duerch de Mënsch positiv”, heescht et an der Etüd vum Institut fir Déierefuerschung vun der japanescher Teikyo-Universitéit. Dës gouf e Mëttwoch am Royal Society Open Science verëffentlecht.
Viru 50.000 bis 15.000 Joer huet sech de Wollef als wëllt Déier zum Hond als Hausdéier entwéckelt. Bis haut hu Wëllef eng éischter hell Iris, déi sech däitlech vun der schwaarzer Pupill ënnerscheet. Der Etüd no hunn d’Mënschen allerdéngs ëmmer eng Virléift fir Déiere mat donkelen Ae gehat, sou dass sech dës Aefaarf bei den Hënn ëmmer méi duerchgesat huet.
Fir d’Mënsche wier et méi angeneem, an eng donkel Iris ze kucke. Beim Bléck an d’Ae vun engem Hond schëdde mer nämlech Oxytocin aus, en Hormon, dat och Mamme produzéieren, wa se hiert Kand gesinn.
Op d’Fro, wisou da grad donkel Aen dofir verantwortlech sinn, hunn d’Fuerscher och eng Äntwert. Si verweisen zum Beispill op eng Etüd mat Mënschen an anere Primaten, woubäi eng grouss Pupill éischter positiven Emotiounen associéiert gëtt wéi kleng Pupillen.
Zudeem gëtt eng grouss Pupill ënnerbewosst mat engem net ausgewuessene Liewewiesen associéiert, dat nach méi verletzlech a soumat manner geféierlech ass. Wann d’Iris bei engem Hond méi eng donkel Faarf huet a sech net kloer vun der Pupill ënnerscheede léisst, hu mer d’Impressioun, dass d’Pupill einfach immens grouss ass.
An enger weiderer Etapp hätt een dës Thees dunn och getest andeems een de Leit 12 Fotoe vun Hënn gewisen huet, deels mat hellen, deels mat donkelen Aen. D’Testpersoune sollten d’Perséinlechkeet vun den Hënn aschätzen an hunn déi mat der däischteren Aen effektiv als “méi frëndlech a méi jonk” ageschat.
Trotzdeem misst een och erwänen, dass däischter Aen allgemeng méi verbreet sinn a mir dowéinst villäicht och einfach méi doru gewinnt sinn, wéi an hell Aen ze blécken.