Ganz eleng op der AutobunnD'Police vun Thüringen hunn e klengt Réikitz gerett

RTL Lëtzebuerg
Eng Patrull hat dat klengt Kitz e Méindeg den Owend bei Nordhausen ganz eleng op der Pannespuer vun der A38 entdeckt.
© AFP Archivbild

Fir en Accident op der Autobunn ze verhënneren, hu si d’Déierchen agefaangen. Wéi et weider heescht, hätt et sech mol net gewiert, wier och net fortgelaf. D’Réikitz wier onverletzt, wann awer schwaach gewiescht.

Am Policewon koum d’Kitz du bei e Juegdpiechter, dee scho vill wëll Déiere gefleegt hätt. Do gouf et direkt mat enger Nuckelfläsch versuergt.

Back to Top
CIM LOGO