Endlech ukommDräi Léiwe goufe vun der Ukrain a franséischen Zoo evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Atlas, d'Luladscha an d'Queen hunn en neit doheem: Si liewen elo an engem franséischen Zoo an der Bourgogne.
E Léiw aus der Ukrain
E Léiw aus der Ukrain
© IFAW-WTI/AFP/Archiv/Vitaliy Novikov

Mat direkt e puer Camione sinn déi dräi Déieren e Freideg de Moien an hirem neien doheem am Zoo vu Arnay-sous-Vitteaux ukomm.

D’Déiere ware virdrun a Privatbesëtz, wat an der Ukrain legal ass, wann d’Déiere e Gehege ageriicht kréien, wat grouss genuch ass. Dëst gëtt awer dacks net respektéiert.

De männleche Léiw war an der Géigend vu Kiew opgewuess, ass senger Besëtzerin awer ze grouss an ze aggressiv ginn. D’Déier vun zwee an engem hallwe Joer ass en plus mat bal iwwer 300 Kilo schwéier iwwergewiichteg. Déi zwou aner Léiwinne kommen aus dem Oste vun der Ukrain. De fréiere Besëtzer hat si zeréckgelooss, wéi hie virum Krich geflücht ass.

Fir den Direkter vum Zoo ass et net méi wéi logesch, datt een d’Déieren opgeholl huet. Fir hien ass et nämlech kloer, datt et d’Aufgab vun engem Zoo ass, Déieren an Nout opzehuelen. Hien hat op den Hëllefsruff vun Déiereschützer reagéiert, déi d’Léiwe placéiere wollten. Eng vun hire Léiwinnen am Zoo war rezent gestuerwen. Elo sollen déi dräi nei Léiwen awer emol Zäit kréien, fir sech un alles ze gewinnen an anzeliewen.

D’Déiereschutzorganisatioun IFAW huet zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain 13 Grousskazen aus dem Land geholl a se nieft Frankräich an den USA, Polen oder der Belsch placéiert.

Back to Top
CIM LOGO