
Ënnert de mysteriéisen Aachtbeener wier eng sougenannt Huntsman-Spann, déi sech wéi e Kämpfer tarnt an zu der Aart Neosparassus gehéiert, wéi de Grupp vu Botaniker an Zoologe ronderëm de Spannefuerscher Joseph Schubert matdeelt. D’Spann géing eng “Kriegsbemalung un de Been an e Schëld op der Broscht droen, fir Raubdéieren ofzeschrecken”, zitéiert den australesche Sender ABC den Arachnolog. Fir de Mënsch ass d’Huntsman-Spann awer net gëfteg.
Bei deenen aneren Entdeckungen handelt et sech ëm eng nëmmen dräi Millimeter kleng sprangend Spann, déi wéi “e Welpe mat aacht Aen” ausgesi géing, an eng Wéckelspann, déi sech als Aascht tarnt. “D’Wéckelspann ass ee wëlle Mini-Jeeër, dee sech daagsiwwer als Aascht verkleet, fir sech viru Raubdéieren ze verstoppen”, erkläert de Joseph Schubert.