Schonn zanter ronn engem Joer waren de Marcel Goerend a seng Famill op der Sich no engem Mupp, deen d’Famill komplettéieren an hirer eelerer Westhighland-Terrier-Madamm Speedy Gesellschaft leeschte kéint. Am Süde vu Frankräich hu si an der Vakanz d’Sonn genoss, wéi si virwëtzeg gi sinn. Villäicht kéint jo an engem franséischen Déierenasyl hire Mupp op si waarden?
Bei hirer Sich si si op d’Ricky gestouss. Déi jonk Muppemadamm war gouereg, mee hir grouss, däischter Aen haten et der Famill direkt ugedoen. Schonn no enger Stonn am Déierenasyl stoung fest: D’Famill Goerend wollt net méi ouni d’Ricky zeréck an d’Heemescht fueren. Nach a Frankräich si si mat him bei de Veterinär gefuer an hunn hatt géint Tollwut impfe gelooss. D’Ricky ass mam ale Familljenhond Speedy och direkt gutt eens ginn, och wann de bal 12 Joer ale Mupp net méi ganz esou vill Spiichten am Kapp huet, wéi dat ee Joer alt Ricky.

D’Mataarbechter vum Déierenasyl a Frankräich haten der Famill Goerend un d’Häerz geluecht, d’Ricky esou séier wéi méiglech steriliséieren ze loossen. Esou huet de Marcel Goerend dunn och direkt e Rendez-vous beim Veterinär ausgemaach, wou si nees Doheem waren.
Et war en Dag, deen de Muppebesëtzer esou bal net méi vergiesse wäert. De Rendez-vous fir d’Sterilisatioun war ëm 11.30 Auer. Pünktlech sinn de Marcel Goerend an d’Ricky bei der Véidoktesch ukomm. Operéiert sollt deen Dag dunn awer net méi ginn. D’Déierendoktesch huet dem Marcel Goerend gesot, säi Ricky wier schwanger. Méi wéi dat: héichschwanger.

De Marcel Goerend ass aus alle Wolleke gefall. Och nodeems si hatt an der Vakanz opgepäppelt haten, war d’Ricky ëmmer nach ee klengen, zierlechen Hond - de Bauch voller Muppen huet een him net ofgesinn. Séier sinn déi zwee nees Heem gefuer, wou de Marcel Goerend alles fir d’Muppegebuert preparéiert huet. Iwwer d’Couche huet hien eng waasserdicht Picknickdecke gezunn an e puer Kësse sollten dem Ricky seng Aufgab méi liicht maachen.
Dunn ass alles ganz séier gaangen. Ëm 13.15 Auer, also emol keng zwou Stonnen, nodeems d’Ricky eigentlech hätt solle steriliséiert ginn, war deen éischte Mupp do. No där éischter schwaarzer Bull koum dunn nach eng brong hannendrun. Deen drëtte Mupp war nees ee klenge schwaarzen. D’Ricky huet op Instinkt geschafft, Hëllef huet déi frësch gebake Mamm net gebraucht.
De ganze Spektakel konnt de Marcel Goerend sech awer net ukucken, hie misst seng Fra siche goen. Doheem hunn dee Moment awer keng dräi kleng Muppe méi op d’Koppel gewaart, et waren der scho fënnef. De Bilan: Mat engem Hond ass d’Famill Goerend an d’Vakanz gefuer, mat zwee koum si nees zeréck ... just fir e puer Wochen drop siwe Muppen Doheem ronderëmlafen ze hunn.
De klénge Rex konnt bei senger Mamm bléiwen, mee alle fënnef Mippecher konnt d’Famill Goerend natierlech net behalen. Si sinn elo gutt bei Frënn a Famill ënnerkomm a spillen ëmmer nach gäre mateneen.