Zuch zu LëtzebuergDrogenhond Gwen erschnoffelt presuméierten Drogeschmuggler

RTL Lëtzebuerg
D'Gwen, en Drogenhond vun der Douane, huet an engem Zuch, deen aus Frankräich koum, e presuméierten Drogeschmuggler erwëscht.
© Administration des douanes et accises

200 Ecstasy-Pëllen, 195 Gramm Haschisch an och zwee Handyen, Bankkaarten a Boergeld goufe beim Mann séchergestallt, deen dem Mupp an engem Zuch aus Frankräich opgefall war. D’Gwen hat d’Lëtzebuerger Beamten op hien opmierksam gemaach. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogeschmuggler doropshi festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert. Wéi et vun der Douane heescht, konnt de Fall aus ermëttlungstechnesche Grënn eréischt en Donneschdeg de Moie matgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO