Dierf ech en upaken an nees zeréck an d’Nascht leeën? Hëlt d’Mamm en dann net méi un? Wéini bräicht ee professionell Hëllef?
Zu Diddeleng op der Fleegestatioun fir wëll Déieren hu se alldeeglech mat Villercher ze dinn. Wien awer mengt, en dierft e Villchen net upaken, well d’Mamm e soss net méi unhëlt, läit awer falsch. Vullen hunn net vill Gerochssënn, also ass et net schlëmm, wann een en zeréck an d’Nascht leet.
Ma wéini leet een en iwwerhaapt zeréck a wéini net? Och do sollt een oppassen, net all Bëbee-Villche muss zeréckgeluecht ginn. Déi, déi scho Plommen hunn, dierf een u sech um Buedem loossen, normalerweis këmmert sech d’Mamm nach drëms, wat d’Fidderen ugeet. Déi ouni Plomme sollt een am beschten an dat Nascht leeën, wou se erausgefall sinn.
Fënnt een d’Nascht net oder et kënnt een net drun, dann ass een op professionell Hëllef ugewisen.
Et gëtt awer och nach eng aner Méiglechkeet, do muss ee sech dann e bëssen dran auskennen an oppassen, dass een näischt falsch mécht. Andeems een de Villchen an en anert Nascht leet, bei Villercher mam nämmlechten Alter awer och déi nämmlecht Zort. Ass näischt vun all deem méiglech, sollt ee se op Diddeleng féieren.
Zu Diddeleng kritt d’Statioun pro Joer ëm déi 3.700 Déieren eran, päppelt se op a léisst se nees dono zeréck an d’Natur. Dofir ass et hinnen och wichteg, dass d’Leit richteg informéiert ginn an nëmmen op hir Hëllef zeréckgräifen, wa se och wierklech gebraucht gëtt.