Fir d’Déieren ze retten, huet de Mann Kontakt mat Natur&Ëmwelt respektiv mat der Opfangstatioun fir wëll Déieren opgeholl. Déi hunn him geroden, de jonke Falleken e klengt Doheem an enger sécherer Héicht ze bastelen.
Esou liewe se elo op der éischter Etage vum Haus, baussen op enger grousser Fënsterbänk. Wéi den Anthony Jacopucci weider schreift, kënnt d’Mamm reegelméisseg laanschtgeflunn, fir hir Jonk ze fidderen. Dës ganz Situatioun suergt aktuell fir e klengen Ustuerm vu Kanner aus der Ëmgéigend, déi hir nei Nopere wëlle gesinn.
No enger Woch sinn der 2 schonn fortgeflunn , dee leschte Fallek sëtzt nach schéin brav a sengem Nascht a kritt reegelméisseg vun der Mamm Iessen bruecht. Dem Tony no souzen seng Kanner manner virun den Ecranen , hunn déi 3 Falleken all Dag beobacht , esou war et och fir si eng spannend Aventure a si hu sech iwwert dës Gräif-Vullen informéiert.