
Vakanz mat oder ouni Hond? Eng Fro, déi vill Déierefrënn beschäftegt. En Hond uschafe bedeit, eng Partnerschaft vun 365 Deeg am Joer agoen. Déieren hu Bedürfnisser, no deene muss gekuckt ginn, och wärend dem Congé. Net seele kënnt et vir, dass Mënschen hiert Hausdéier dobaussen op de Stroossen aussetzen, éier et an d’Vakanz geet. Eng Erfarung, déi ville Fellnuese kéint erspuert bleiwen. Reese mat Hausdéier ass nämlech net nëmme méiglech, ma kann esouguer kann einfach a stressfräi iwwert d’Bün goen. Souwuel beim Choix vun der Destinatioun, wéi och bei der Urees an den Aktivitéite muss awer sou munches beduecht ginn.
Déi éischt Fro, déi sech natierlech stellt, ass: wou geet et hin? Net all Mënsch huet déi selwecht Virstellung vun der idealer Vakanz. Déi eng zitt et an d’Bierger, déi aner un d’Plage. Éier een de Choix trëfft, soll een och d’Virléifte vum Mupp mat an d’Iwwerleeungen afléisse loossen. “Geet den Hond gär an d’Waasser?”, “wéi verdréit en d’Hëtzt?”, “ass de Flocki nach fit genuch, fir vill ze trëppelen?” an “gëtt e gutt mat grousse Mënschemassen eens?” sinn nëmmen e puer Froen, déi sech Hondsbesëtzer stelle sollen, fir d’Auswiel vun der Destinatioun anzegrenzen. Eng wichteg Roll bei der Entscheedung spillen natierlech och d’Bestëmmungen an de jeeweilege Länner. A verschiddene Staate gëllt nämlech eng Maulkuerf-Flicht fir verschidde Rassen an net iwwerall si Véierbeener an de Restauranten oder Hoteller gär gesinn. Dowéinst gëtt recommandéiert, sech virum Buche vun der Vakanz en Iwwerbléck ze verschafen, fir dass et zu kenge béisen Iwwerraschunge kënnt. Net ze vergiessen, dass just gechipte Muppe mat engem gültegen EU-Pass areesen dierfen. Ausserdeem mussen d’Impfungen am Virfeld kontrolléiert ginn. De Vaccin géint Tollwut ass zum Beispill eréischt no 21 Deeg gülteg.
Hautdesdaags ass et op ville Plaze kee Problem méi, en Hond matzehuelen. A verschiddenen Hoteller oder Vakanzewunnengen dréit sech esouguer alles ëm den Hond. Amplaz der Devise “De Client ass Kinnek” gëllt hei “De Mupp ass Keeser”. De Mupp gëtt nämlech net just toleréiert, mä sou richteg verwinnt. Vun Hondscoiffer, Wellness bis sportlech Aktivitéiten dierft fir all Hond eppes dobäi sinn. Op Wonsch waarden op d’Fellnues an den Zëmmer Hondskierf, Waasser- a Fudderschosselen, Spillsaachen an Dicher.
Wien esou ee Luxus net brauch, kann et sech op engem Camping gemittlech maachen. Verschidde Campinger bidden extra Plaze fir Leit mat Hausdéieren un, wou se mat hiresgläiche spillen a rolze kënnen.
E Camper kënnt fir eng Vakanz mam Flocki och a Fro, allerdéngs dierf d’Déier net eleng dra gelooss ginn, well de Won daagsiwwer séier waarm gëtt. Ass een net selwer Proprietär vum Gefier, ass et wichteg, am Virfeld mam Ubidder ze klären, ob de Mupp matfueren dierf. A verschiddene Modeller sinn Hausdéieren nämlech net erlaabt.

An Zäiten, an deenen den ëffentlechen Transport ëmmer méi promouvéiert gëtt, stellt sech natierlech d’Fro, wéi ee mat sengem Hausdéier am beschte verreese soll. Hei gëllt et d’Vir- an Nodeeler ofzeweien an d’Urees un déi eegene Bedürfnisser a Virléiften an deene vum Hond unzepassen. Beléift bei ville Reesenden ass den Auto. Fir vill Hënn gehéiert eng Autofaart zum Alldag, sou dass dëst Transportmëttel näischt Neies ass a manner Stress bedeit. Donieft kënnen ënnerwee sou vill Pause wéi néideg gemaach ginn, zemools, wann d’Faart sech iwwert e puer Stonnen zitt. Den Aspekt vun der Sécherheet dierf net vergiess ginn. An deene meeschten EU-Länner ginn et streng Virschrëften iwwert d’Sécherung an den Transport vun Déieren. Et bleift natierlech jidderengem selwer iwwerlooss z’entscheeden, wat déi bescht Alternativ ass. Ob Transportbox an der Mall, Trenngitter oder spezielle Sécherheetsgurt op der Réckbänk - dat wichtegst ass, dass net just d’Zwee-, ma och d’Véierbeener heel ukommen. Gëtt de Véierbeener an der Mall transportéiert, ass et wichteg, d’Temperatur am A ze behalen. Am hënneschten Deel vum Auto kënnen nämlech aner Temperature si wéi vir direkt bei der Klimaanlag.
Mam Fliger reesen Hënn am Prinzip éischter ongär, well se vun enger bestëmmter Gréisst u mussen an der Soute matfléien, wat vill Stress mat sech bréngt. Kleng Hënn kënnen zwar mat an d’Kabinn, mussen awer wärend dem Vol an hirer Transportbox bleiwen. Aus gesondheetleche Grënn dierfe verschidde Rasse mat platte Schnuffen net bei all Airline matfléien. Dowéinst gëllt och hei, sech fréi genuch am Virfeld z’informéieren.
Ass de Véierbeener scho mam ëffentlechen Transport matgefuer an huet d’Faart och gutt verkraaft, ass eng Rees mam Zuch eng gutt Alternativ, wann een op den Auto verzichten a méi ëmweltfrëndlech ënnerwee wëll sinn. Eng staark Blos ass an deem Fall wënschenswäert, well spontan Pausen an der fräier Natur net méiglech sinn an d’Déier deemno laang anhale muss.
Zil vun enger Vakanz ass et, dass jiddereen zur Rou kënnt, awer gläichzäiteg eppes erlieft. D’Virléifte vu Mupp a Meeschter ënnert en Hutt ze kréien, ass dobäi net alt ze komplizéiert.
Huet een eng Waasserrat doheem sëtzen, dierft en Ausfluch un e Séi oder d’Mier genau dat Richtegt sinn. An do gëtt et nawell vill z’erliewen. Am Waasser schwammen, mat aneren Hënn lafen a rolzen oder mam Meeschter mat engem Frisbee oder engem Ball spillen - d’Auswiel un Aktivitéiten ass grouss. Wien zum Beispill un der belscher oder hollännescher Plage ass, kann nach mat sengem Véierbeener Vëlo fueren, fir d’Déier sou richteg auszelaaschten. Dat geet natierlech just, wann d’Fitness vum Mupp et erlaabt an et net ze waarm dobaussen ass. Abenteuerlech Reesender kënnen iwwerdeems nach eng Tour mam Kanu oder Stand up Paddling maachen. Ouni Vertraue geet dat awer net, dat ass den A&O bei esou enger Fräizäitaktivitéit.
Iwwert eng Wander-Vakanz dierft sech de Flocki och freeën. Dobäi mussen et net onbedéngt Bierger sinn. Flaach Géigenden oder Naturschutzgebitter bidden net nëmme spektakulär Vuen, ma gläichzäiteg vill ze schnoffelen. Grad am Summer sinn esou Trëppeltier bei Hondsmeeschtere beléift, well se duerch de Bësch oder iwwer Feldweeër féieren a wéinst dem Schied gutt kill sinn. Och wann ee sech all Dag fir en aneren Trëppeltour entscheet, kann ee fir nach méi Ofwiesslung suergen. De Bësch kann hei als ideale Parcours déngen, wou d’Déier iwwer Bamstämm an aner Hindernisser sprange kann. Wiem säin Hond Erfarunge mat Sichspiller huet, kann e Leckerli-Dummy op verschiddene Plazen an der Natur verstoppen an de Véierbeener op d’Sich schécken. Dat wäert hie mental- a kierperlech auslaaschten. E Picknick dierf natierlech och net feelen. Hei mécht een net nëmmen dem eegene Gomm, ma och deem vum Mupp eng Freed. Amplaz vum Fudder kann een dem Déier jo e bëssen Uebst oder säi Liblingsleckerli ginn an d’Auszäit a fräier Natur zesumme genéissen.

E “City-Trip” steet warscheinlech net ganz uewen op der Wonschlëscht vun engem Hond. Besonnesch mat Metropole mécht een him kee Gefalen, wann ee bedenkt, dass op villen Ecke Kaméidi a Verkéier herrscht an de Mupp an den iwwerfëllte Foussgängerzonen ausser Féiss a Knéien net vill gesäit. Wëll een d’Fellnues awer mat an eng Stad huelen, ass et am beschten, am Virfeld ze kucken, wéi eng Stad als hondsfrëndlech gëllt a wou et vill Gréngfläche ginn, fir dass och den Hond op seng Käschte kënnt.