
Bal zwee Méint, nodeems eng Deckelsmouk hir Eeër op der Plage vu “Can Pere Antoni” op Mallorca geluecht huet, sinn e Sonndeg déi éischt Schildkröte geschlüpft. Wéi d’Benevolle vum spueneschen Aarteschutz Cofib confirméieren, huet e Sonndeg um 11 Auer déi éischt Deckelsmouk de Wee aus hirem Ee fonnt, weider 11 Stéck hunn et géint 21 Auer gepackt gehat. Déi geschlüpft Déiere koumen doropshin an d’Laboe vum Ministère fir Landwirtschaft, Fëscherei an Ernierung (IRFAP-LIMIA) zu Port d’Andratx, wou si ënner kontrolléierte Konditiounen opgezu ginn. Weider 48 Eeër waarden nach op der Plage dorop, datt d’"Mieresschildkröten” d’Luucht vun der Welt erblécksen.
D’Déieren hate scho virun zwee Méint op sech opmierksam gemaach: De 7. Juni hat hat eng Deckelsmouk ganzer 106 Eeër op der Plage vu “Can Pere Antoni” ofgeluecht a gouf dobäi vun enger Partie Aenzeie gesinn. D’balearesch Aarteschutzagence Cofib huet doropshin d’Nascht ofgespaart, fir d’Eeër um staark frequentéierte Strand ze schützen. 46 vun den Eeër waren direkt no der Entdeckung an de Labo bruecht ginn.
Zwar bréit dës Aart un Deckelsmouke schonn zanter véier Joer un de Küste vun de Balearen, ma et sinn déi éischt, déi jee op Mallorca registréiert goufen. Fir d’Wëssenschaftler eng Konsequenz vum Klimawandel, notamment well d’Mëttelmier ëmmer méi kal gëtt. Am Kader vum Programm “Head Starting” gëtt d’Zuucht vun den Deckelsmouken iwwerwaacht, wouduerch d’Iwwerliewenschancë vun den Déieren no hirem Retour an d’Mier klammen.
D’Generaldirektesch fir Natierlech Ëmwelt, d’Anna Torres, seet an deem Kontext och allen Organisatiounen fir hire Bäitrag zum Succès vun de Gebuerte Merci. “De Klimawandel verännert d’Verhale vun den Aarten, wat sech op hir Wanderungen an Naschtplazen auswierkt. Dat huet als Suite, datt si sech a Gebidder beginn, an deene si an der Vergaangenheet net unzetreffe waren. An deem Sënn hunn dës Deckelsmouken-Aarten ni op de Baleare gebréit. Den éischt Fall war 2019 zu Eivissa”, betount d’Direktesch.
Normalerweis siche “Mieresschildkröten” éischter Plagen um ëstleche Mëttelmier, fir d’Eeër ofzeleeën. Ma duerch déi verännert Temperaturen am Mier, verännert sech och d’Verhale vun den Déieren. Esou gëtt et e weidert Nascht vun enger Deckelsmouk um Strand vu “Cala Millor”. Dräi aner Schildkröten hu sech Plagen op Ibiza ausgesicht.