Déi rar Tiger-Drillingen haten domat den 31. Dezember am Nantong Forest Safari Park hiren éischten ëffentlechen Optrëtt. Ganz besonnesch un de Geschwëster ass, datt et ee wäisse bengaleschen Tiger an zwou seele Variante vu Schnéitigere sinn.
De wäissen Tiger ass en Albino, deen duerch eng geneetesch Mutatioun vum bengaleschen Tiger entstanen ass. Dofir ass hir Populatioun immens geréng. Och de rare Schnéitiger kënnt duerch eng geneetesch Mutatioun vum bengaleschen Tiger, bei där d’Warscheinlechkeet vum Virkomme bei ronn eent zu 100.000 läit.