Asaz fir (Mënsch an) DéierEkippe vum CIS Käerjeng-Péiteng hu kleng Inten aus mësslecher Situatioun gerett

RTL Lëtzebuerg
Op e méi speziellen Asaz goufen d'Männer a Fraen aus den zwou Südgemenge geruff, well sechs kleng Inten zu Féngeg an eng mësslech Situatioun gerode sinn.
© CGDIS

Déi Kleng waren hei an e Gulli gefall an hu misste vun den Asazekippe gerett ginn. No hirem Erfolleg konnten déi sechs Quackerten nees mat hirer Mamm vereent ginn. Wéi de CGDIS schreift, dat “gesond a monter”.

Back to Top
CIM LOGO