Ganz rare PhänomenElefanten-Zwillingen an Thailand op d'Welt komm

RTL Lëtzebuerg
Bei der dramatescher Gebuert gouf ee Fleeger blesséiert, wou e probéiert huet, engem vun den Elefantepuppelcher ze hëllefen.
© AFP/Manan VATSYAYANA

An Thailand huet eng Elefantekou net just eent, mee direkt zwee Källefcher op d’Welt bruecht. Zwillinge maache just ronn 1 Prozent vun den Elefantegebuerten aus, heescht et vun de Fuerscher vu “Save the Elephants”.

Déi 36 Joer al Mamm mam Numm “Jamjuree” huet am Ayutthaya Elephant Palace net wäit vu Bangkok ewech fir d’éischt een 80 Kilo schwéiere Jong op d’Welt bruecht, ier eng 18 Minutte méi spéit nach ee 60 Kilo schwéiert Meedchen derbäi koum.

D’Zwillingsgebuert huet d’Mamm iwwerrascht. “D’Mamm huet de Bëbee attackéiert, well si nach ni virdrun Zwillingen hat. Et ass ganz rar”, esou d’ Michelle Reedy, Direktesch vun der Organisatioun Elephant Stay, der AFP géigeniwwer. Ee Fleeger ass ageschratt, fir d’Mamm dovunner ofzehalen, hiert Klengt ze attackéieren, an ass dobäi um Bee blesséiert ginn.

Dat klengt Elefantemeedechen konnt gerett ginn an d’Mamm huet antëscht och hir zwee Källefcher acceptéiert. Déi zwee sinn allerdéngs méi kleng geroden, wéi normal Elefantepuppelcher, esou datt eng speziell Plattform huet misse gebaut ginn, datt si héich genuch reeche kënnen, fir un d’Mammemëllech ze kommen. Si ginn och zousätzlech nach mat Mëllech versuergt. An der Wildnis kéint et gutt sinn, datt béid Källefcher net iwwerlieft hätten.

© AFP/Manan VATSYAYANA

Back to Top
CIM LOGO