HamburgElenggeloosse Bëbee-Robb gëtt vu "Schwanepapp" gerett

RTL Lëtzebuerg
Um Ufer vun der Elbe bei Hamburg gouf eng midd Bëbee-Robb fonnt. Mataarbechter vum Fligerproduzent Airbus haten d'Déier fonnt an den Noutruff alarméiert.

De “Schwanepapp” Olaf Nieß a säin Team sinn doropshin aktiv ginn an hunn dat jonkt Déier bei sech an de Schwanequartier bruecht. D’"Schwanenwesen” ass eng Hamburger Institutioun, déi sech an der Regioun ëm d’Déiere ronderëm d’Gewässer këmmert. All Joer am November sammelt de Schwanepapp Olaf Nieß d’Schwane vun der Alster an a bréngt se an hiert Wanterquartéier. Ma och ëm verloosse Robbe-Bëbeeë këmmert sech de Schwanepapp.

Dem Olaf Nieß no hätt déi kleng Robb eng Verletzung beim A, ma wier vum Gesamtzoustand hier awer gesond. No engem éischte medezineschen Check gouf dat klengt Déier an eng Robbestatioun a Schleswig-Holstein bruecht. Do soll d’Robb elo opgepäppelt ginn, fir dann iergendwann nees an d’Fräiheet entlooss kënnen ze ginn.

De
De
© ULRICH PERREY DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Back to Top
CIM LOGO