Videobomb vun Emu"Emmanuel, maach et net... MAACH ET NET"

RTL Lëtzebuerg
D'Taylor Blake wëll op TikTok hir Déiere vum Haff virstellen, ma eent drängt sech dauernd an de Virdergrond a kritt dofir gemeckert: den Emu "Emmanuel".

Am Süde vu Florida huet d’Taylor Blake e Bauerenhaff fir verschidde kleng Randaarten, déi als Hausdéier geziicht ginn an net fir z’iessen. Well si all hir Déiere vun Häerze gären huet, presentéiert d’Taylor Blake hir Déieren op TikTok.

Do ass d’schottescht Rand “Winnie the Moo” oder och “fluffy cattle”, also “flauschegt Véi” genannt, déi kleng Kou “Humpty”, déi gären tëscht de Been vu senger Besëtzerin spillt, Inte-Bëbeeën, déi um Dach vun der Scheier ronderëm lafen an e “Buckelrand” mam Numm “Zebu”.

Ma grad dee Moment, an deem d’Taylor Blake iwwert den Zebu schwätze wëll, kënnt vun der Säit och schonn d’Iwwel. “Emmanuel!”, rifft d’Blake, “maach et net”. Bemol erschéngt en Emukapp mat Knappaen, engem spatze Schniewel, dee prett ass an d’Kamera ze picken. “EMMANUEL, MAACH ET NET!”, rifft d’Taylor Blake nach eng Kéier, bis de Vull sech zréckzitt. “Ech probéieren hei, de Leit eppes bäizebréngen”, weist si d’Déier zurecht.

Op Twitter ass de Video vum stueren Vull de Weekend viral gaangen: iwwer 20 Millioune Views. An et gi schonn eng Partie weider Videoen: An engem steet d’Blake vun der “Knuckle Bump Farms” nieft engem Iesel a seet Merci fir déi vill Reaktiounen an Demanden no Merchandise - an do ass natierlech kloer, wien net am Bild feelen dierf: den Emmanuel. An déi Kéier huet hie sech näischt soe gelooss!

Op hirem Instagram-Profil erzielt d’Taylor Blake méi iwwert sech an den Haff, deen hire Grousseltere gehéiert a wou si opgewuess ass. D’Taylor hätt zwar schonn op anere Plaze geschafft, ma hiert Häerz hätt si awer ëmmer erëm zréck zu hirer Famill an hiren Déiere gezunn. Um Haff këmmert si sech zwar virun allem ëm déi geschäftlech Säit an de Marketing iwwer sozial Medien, ma hir Grousseltere ginn och ëmmer méi al, wouduerch d’Enkelin iwwerall hëlleft, wou si kann. All Dag ass si op der Weed a këmmert sech ëm d’Kéi, zu deene si jeeweils eng individuell Bezéiung huet.

Zesumme mat hirer Partnerin wëll d’Taylor Blake elo hir eegen Häerd opbauen an dank der Internet-Prominenz vum Emmanuel dierft dës elo

Back to Top
CIM LOGO