Flexibel an ëmweltfrëndlechËmmer méi dacks gi Schaffpäerd an eise Bëscher agesat

Christophe Hochard
Reegelméisseg gesäit een an de Bëscher Päerd am Asaz. Si iwwerhuelen dacks Aarbechte vu Maschinnen.
Schaffpäerd amplaz Maschinnen am Bësch
Reegelméisseg gesäit een an de Bëscher Päerd am Asaz. Si iwwerhuelen dacks Aarbechte vu schwéiere Maschinnen.

Sief et fir ze méinen, d’Weeër propper ze halen oder Beemstämm aus dem Bësch ze zéien. E Schaffpäerd ass ënnert dem Stréch méi ëmweltfrëndlech ewéi schwéier Maschinnen, déi an der Natur soss zum Asaz kéimen.

De Virdeel vum Päerd ass, et ass méi flexibel an net sou schwéier wéi eng Maschinn, wat géint d’Buedemverdichtung hëlleft an och soss manner stéiert an de Bëscher. Donieft ass et fir muncher een och eng kleng Attraktioun, sou ee Schaffpäerd am Bësch ze gesinn.

Tëscht Päerd a Meeschter brauch et eng gutt Relatioun, fir dass d’Aarbecht kann ënner gudde Konditiounen duerchgefouert ginn. Tëscht Fréijoer an Hierscht sinn dës Kalblidder dacks ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO