Et geet ëm Déieren, déi verschenkt ginn, ouni dass ee sech Gedanke mécht, dass esou Kaddoen dacks net gewollt sinn.
Ëmmer nees ginn d’Déierenasyler mat Hausdéieren iwwerschwemmt, ëm déi kee sech këmmere wëll oder kann. Déi nei Ministesch Martine Hansen steet hannert der Campagne: En Déier wier kee Moude-Accessoire.
Weider Asyler géife gebraucht ginn, de Staat géif esou Initiativen an anere Gemengen och finanziell ënnerstëtzen.