D'SchlammwissEn Dortoir fir Dausende vu Villercher
D'Schmuebele kommen aus engem Ëmkrees vu ronn 30 Kilometer op d'Schlammwiss zu Iwwersiren geflunn.
D'Schlammwiss - Dortoire fir Dausende vu Villercher
D’Schmuebele kommen aus engem Ëmkrees vu ronn 30 Kilometer op d’Schlammwiss zu Iwwersiren geflunn.
Sou kuerz owes no 21 Auer deet sech eppes am Himmel. D’Villercher kommen dann an hiren Dortoire. Hei fillen si sech esou wuel ewéi e Fësch am Waasser. D’Migratioun verleeft tëscht hallwem August bis Mëtt September.
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Schlammwiss zu Iwwersiren ass ablécklech ganz beléift bei de Villercher. Aus allen Himmelsrichtunge komme si Owend fir Owend fir ze raschten. Virun allem d’Schmuebelen an d’Spréiwe komme ganz gären an de Schilf schlofen.
Och de Bamfallek zitt iwwer der Schlammwiss seng Kreesser. D’Villercher stinn nämlech op sengem Menüsplang. Am Fléie fänkt hie sech säin Iessen.