E Geessebock mat just dräi Been, e Storch mat enger Prothees an eng Makacken-Damm, déi 19 Joer an der medezinescher Fuerschung iwwert d’Behandlung vun Alzheimer a Parkinson gebraucht gouf. Dat si just dräi Beispiller vu ronn 600 Déieren, déi am Asyl-Zoo “La Tanière”, ronn 100 Kilometer vu Paräis ewech, en neit Liewe fonnt hunn.
2021 huet den Déierepark seng Diere fir de Public opgemaach. Dat lescht Joer waren eng 150.000 Visiteuren hei. D’Entréesticketen decken awer just d’Hallschent vun de Betribskäschte vum Park mat sengen 80 fest agestallte Mataarbechter. Déi aner Hallschent kënnt vun de Spenden.
Och d’Lëtzebuerger ASBL “Zur Unterstützung von Tierprojekten” huet zanter Mäerz 2020 ronn 5.700 Euro un den Zoo gespent. Hir Presidentin Rita Zucca hat 22 Joer eng eege Pizzeria zu Lëtzebuerg, huet sech awer elo dem Benevolat fir d’Wuel vun den Déiere verschriwwen. Vun Abrëll bis Dezember ass si bal all Weekend mat anere Benevollen op Floumäert, Braderien a Mäert uechter d’Land ënnerwee, fir Sue fir de Park an aner Déiereschutzorganisatiounen ze sammelen. Op d’mannst zweemol d’Joer kënnt si och déi 450 Kilometer bis an den Asyl-Zoo gefuer an iwwerreecht déi gesammelt Spenden.