
Ugefaangen hat de Misär, wéi bei Aarbechten am Mee zejoert eng Kaz am Gemengenhaus vun Dokkum entdeckt gouf. Well et net gelonge war, d’Déier anzefänken, gouf d’Gebai tëschenduerch zougemaach. Ma wärend d’Kaz am Gebai gefaange war, hat si warscheinlech e Krunn opgedréit. Doropshi war Waasser als éischt an d’Miwwelen an duerno an d’Mauere vum Gebai, bis erof an de Keller gezunn.
De Schued war esou grouss, dass en Deel vun de Gemengebeamten tëschenduerch an engem anere Gebai huet misse schaffen. Dat well en Deel vun de Maueren an de Biedem vun der Gemeng huet misse komplett nei gemaach ginn. Op der leschter Gemengerotssëtzung gouf dann d’Rechnung vun den Aarbechte presentéiert: ganzer 325.000 Euro. Dës Zomm gëtt allerdéngs komplett vun der Versécherung iwwerholl.
Ob d’Kaz wierklech de Schëllege fir dee ganze Misär ass, kann allerdéngs net méi zweiwelsfräi bewise ginn. Et huet nämlech kee gesinn, dass d’Déier de Krunn tatsächlech opgedréint huet.