Mat eegene BodyguardsEng kleng Séirobb mécht Paus zu De Panne op der Plage

Kevin Kayser
Leit, déi ëmmer emol op der belscher Plage an der Vakanz sinn, hunn dëst Phenomen vläicht schonn erlieft: Robben, déi op der Plage eng kleng Paus maachen.

Ëmmer nees gesäit ee méi kleng a méi grouss Robben, déi laanscht d’Belsch Küst op der Plage leien, fir sech hei vun hirem schwéiere Wee duerch d’Mier z’erblosen. Ganz rezent war dat ënner anerem de leschte Weekend zu De Panne de Fall. Hei louch e jonkt Déier ganz gemittlech op der Plage an huet sech vun de Touriste fotograféieren a filme gelooss.

Eng Robb mat eegene Bodyguarden

Ganz eleng war hien awer net. Volontaire vum “North Seal Team” hate e Perimeter ëm d’Robb opgeriicht, fir datt Leit an aner Déieren hinnen net ze no kommen. D’Robb gëtt u sech Dag an Nuecht vun de Fräiwëllege iwwerwaacht oder beschützt, wéi een et hëlt, bis se zeréck an d’Mier geet a fort schwëmmt.

Den Optrag vun dëse Fräiwëllegen ass et, fir d’Déier viru Spadséiergänger an dacks hire véierbeenege Begleeder ze schützen, ma och, fir sécherzestellen, datt d’Robb keng Leit blesséiert, dat äntwert Delphine Dobbels, Generaldirectrice vum Sea Life Blankenberg, déi enk mat dem “North Seal Team” zesummeschaffen.

Déi zweet Aufgab vum “North Seal Team” ass et, fir d’Leit, déi laanscht Plage wunnen oder do Vakanz maachen, ze sensibiliséieren an iwwert d’Situatioun mat de Robben, déi och emol fir Mënsch an Déier geféierlech ka ginn, opzeklären.

Eng Robb op der Belscher Plage
Chillen um Strand vun De Panne kënnen net just d’Mënschen...

D’Robb virun de Leit schützen an ëmgedréint

Déi Fräiwëlleg, déi Garde halen, suergen dofir, datt Mënsch an Déier sech net ze no kommen. An éischter Linn geet et awer drëm, fir d’Robb virum Mënsch an den Hënn, déi dacks ouni Lénkt ënnerwee sinn, ze schützen, seet d’Delphine Dobbels. Leider gouf et schonn Tëschefäll, bei deem d’Robben, déi Paus maachen oder scho blesséiert goufen, vu Leit oder méi dacks vun hiren Hënn attackéiert goufen. Hënn géife bei d’Robb lafen, well si interesséiert un der Situatioun sinn. D’Robb awer, déi sech doduerch menacéiert villt, geet da gär an d’Offensiv, esou datt et zu Blessuren op béide Säite ka kommen.

Fir dat ze evitéieren, sinn dann d’Ekippe vum “North Seal Team” am Asaz. Eng 140 Fräiwëlleger hu sech dëser Ekipp ugeschloss a si organiséiere sech selwer ganz einfach iwwer WhatsApp oder Facebook. D’Volontairë sinn dann zoustänneg fir verschidde Stied ze kontrolléieren, dat baséiert dorop, wou si wunnen. Wa si en Déier fannen, gëtt Sea Life kontaktéiert an hir Spezialisten huelen d’Decisioun, ob ee d’Situatioun am Bléck muss halen, respektiv, ob sech ëm d’Déier gekëmmert muss ginn oder net. Genau wéi d’Leit vum Seal Team kënnen och aner Bierger Sea Life kontaktéieren, am Léifste mat Fotoen a Videoen an der genauer Plaz, wou se d’Déier gesinn hunn, fir dat déi néideg Schrëtt kënnen an d’Weeër geleet ginn.

A wéi enger Period gesäit een déi meeschte Robben un de Stränn?

An der Nordséi ginn et zwou Zorte vu Robben: eng Kéier déi normal Robben an eng Kéier d’Kegelrobbe. Well béid zu ënnerschiddlechen Zäiten am Joer hir Kleng kréien, ginn et zwou Haaptsaisonen, an deenen een dës Déieren un der Belscher Plage ka gesinn: Eng Kéier tëscht Dezember am Februar, well dann déi kleng Kegelrobben op der Welt sinn, an eng weider Kéier am Juni am August, fir déi normal Robben. Ma d’Situatioun vum leschte Weekend weist och, datt een dëse Phenomen och zu aneren Zäite kann erliewen.

Wéi laang sech d’Déieren op der Plage ophalen, ass och ëmmer verschidden. “Déi eng bleiwen e puer Stonnen, anerer e ganzen Dag”, esou d’Delphine Dobbels. Et hänkt dovunner of, wéi midd d’Déiere sinn oder, ob si sech och nach vu Blessure mussen erhuelen. Wa se awer blesséiert sinn, gräifen d’Ekippe vu Sea Life an, fir dem Déier ze hëllefen.

Wou d’Robben hierkommen a wou se dono hischwammen, ass schwéier ze soen. Si liewen an der Nordséi a ginn net getrackt, erkläert d’Generaldirectrice vu Sea Life.

Back to Top
CIM LOGO